Kleng Schnapp

Nees eng Kéier hu mi missen erliëwen dass eng Famill hir Kazen net kastréiere gelooss huet an aus enger Koppel innerhalb vun e puer Joer bal 30 gi sin.

Si waren a kengem gudden Zoustand, ënnererniërt, voll Fléih a Wiërm.
Déi meescht Muddere ware schon nees gedeckt, dat heescht an e puer Wochen wären do nach eng Kéier teschend 40 a 50 Kaze beikomm.
Déi 2 jengst vun 10 Wochen hu missen ageschléifert gin wäll d'Aen scho komplett futti waren duerch de Kazeschnapp, verschidden Erwuessener waren esou schlecht drun dass hinnen och net méi konnt gehollef gin a se hu missen ageschléifert gin.

Déi aner sin elo no an no ofzegin, si sin zum Deel e bessi ängschtlech ouni dass si awer mësshandelt gi wären.

 

Kueder 1Mudder 1Mudder 2

Kueder 2Mudder 4Mudder 5

Kueder 3Mudder 8Mudder 9

Kueder 4Mudder 11Mudder 12

Kueder 5Mudder 3Mudder 6

Kueder 6Mudder 7Mudder 10

Kueder 7Kueder 8

Messie 2

Fir d'drëtte Kéier an e puer Joer ware mir an ee Messie-Haus Déieren eraus huelen.
Mir hun 14 erwuesse Kazen iwerhol, zum gréissten Deel a schlechtem Zoustand, komplett verknetzelt, ofgemoert an gestonk wéi dat ganzt Haus stenkt. 
Dobei waren 3 grouss Honn, 1 klengen an 9 Welpen déi alleguer d'ganzt Haus voll gemaach hun.
De Gestank kann ee leider net mat Foto iwerbrengen.
An no knapp engem Mount hat déi Fra schon nees eng nei Kaz am Haus, nees en onkastréierten, jonke Kueder.

Messie 1Hei gesait ee wéi déi Déiere verfilzt waren, a voller Fléih

No engem Stierwfall sin iwer 250 Mierschwengercher aus der Wunneng vum Verstuewenen erausgehol gin.

Et war beileiwe keen asoziale Mensch, am Géigendeel, et war an engem Luxusappartement matten an der Staadt.

Dat beweist dass mer net mussen an d'Ausland esou Déierenhaltung a Messi'en siche goen, genee    datselwecht hu mir och emmer erem an eisem Ländchen.

Wann een a sengerNoperschaft oder Bekanntekrees esou eppes feststellt soll en esou séier wéi méiglech den Déiereschutz aschalten.

Domat get den Déiere gehollef iërt et vleicht ze spéit as fir si, an och deer Persoun selwer.


 

Och zu Lëtzebuerg gëtt et emmer mei oft Fäll vun Animal Hoarding. Bei dëser Krankheet sammelen d'Léit d"Déieren a kennen deenen net mei gerecht ginn. D'Déieren sinn duerfir am engem schlemmen Zoustand, voller Parasiten, aner Krankheeten etc.

Esch Goergen_9bOb dëser Foto gesi der eng Kaz vun Esch, d'Ouren si geschrumpft wéint Milbenbefall.


Artikel Tageblatt

Noutdengscht