ts1Jiddereen kann hëllefen ob verschidden Art a Weisen

  • Fir dass mir wéider den Déieren hëllefen kennen, brauche mer natirlech Suen, mir fréen eis iwwer all Don. Mir an natirlech d'Déieren soen Iech elo scho MERCI!

       BCEE LU81 0019 1700 0019 4000
       CCP LU42 1111 2407 7016 0000

  • Et gin emmer Leit gesicht, déi d'Méiglegkeet hunn d'Déieren (Kazen, Nager, Kanéngercher etc.) bei sech doheem opzehuelen, bis eng gutt Adoptiounsplaz fonnt gët. Hönn kënne mir leider net ophuelen wäll déi Déieren déi onvermettelbar sin definitiv an der Fleegefamill bleiwen. A mir kënnen net garantéieren den Hond zréck ze huelen wann et net klappt, wat jo awer zu éngem Déiereschutz dozou gehéiert.

  • Da kann een an eiser Fleegefamill zu Nidderaanven hëllefen. Do sin moies an owends d'litière proper ze maachen, Käfeger an d'Kazenzëmmer ze botzen, Dëppercher ze spullen an nei ze fëllen.
    An dat 365 Deeg am Joër. 
  • Et lafen emmer erem vill verwëldert Kazen ronderem, déi mir afänken gin fir se kastréieren ze loossen. Well dës Aktivitéiten zäitobwenneg sin, brauche mer Léit, déi bereed sinn Kazen afänken ze goen an och den Transport bei de Vétérinaire iwwerhuelen. 
  • All Joer kréie mer immens vill kleng Kazen bruecht, mat Chance zesumme mat hirer Mamm. Et kennt awer och emmer erem fir, dass d'Mamm iwwerannt ginn as oder dass déi Kleng einfach ausgesat gi sin. Hei siche mer Léit, déi déi Kleng mat der Fläsch opzéien. Mir weisen natirlech wat ee muss maachen dass dat och klappt.

  • Mir maachen verschidde Verkafsstänn a brauchen och do genuch Hëllefen.
  • Natirlech ka jiddereen, den hëllefen well sech bei eis mellen, Aarbecht as emmer do :) Och wann dat an de Vakanzen as, fir éng kurz Zait, oder fir auszehëllefen.

Noutdengscht