Passt op wann Dir wellt ee klengen Hond uschafen!

Et gi leider emmer méi Déierenhändler, och hei zu Letzebuerg, déi op komplett illegal Manéier kleng Muppen aus dem Ausland, haaptsächlech aus der Tschechei, Polen an aner östlechen EU-Memberstaaten importéieren.

Des kleng Déieren gin a Kelleren an all méigleche Lächer a schlemen Zoustänn geziicht an da verkaf.

Si sin praktesch emmer vill ze jonk, si krank, a gi gewéinlech mat engem gefälschten Impfschein verkaf.

Dobei sin et oft guer net déi rengrasseg Muppen fir déi deier Geld gefrot get.

D'Mammendéieren sin einfach Gebärmaschinen.

Awer och an deenen aner EU-Länner gin et méi onseriös wéi seriös Ziichter.

Informéiert Iech gudd wéi a wou den Ziichter seng Déieren hält, wéi oft eng Mamm Klenger krit, a gidd Iech et virun allem op d'Plaz ukucken.

An nach eppes: eis Déiereschutzen sin iwerlaf mat Muppen, et sin zwar net esou oft Welpen do. Frot einfach emol no, an iwerleet Iech et gudd iër Dir Iech esou en Déierchen uschaaft.


Dee klenge Männchen op der Foto as e gesonde Welpen dee mat senge Geschwester op engem Bauerenhaf ewechgehol gin as a wou d'Mudder kastréiert gin as.

Welpenhandel: Hei fann Dir Biller a Beweiser wéi esou kleng Déieren onseriös geziicht respektiv verkaf gin.

Telefon: 34 85 01 oder 26 66 08 71.

Noutdengscht