Dëse Kueder as Samschdes, den 29. Januar schlemm blesséiert bei seng Familjen zreckkomm.
Wann vleicht een Problemer hat an der Läscht mat Déierequälerei zu Dikkrech soll e weg. bei d'Police goen an et onbedengt mellen. A virun allem Ziëdelen an der ganzer Emgéigend verdeelen.
Hei as wat d'Famill schreiwt:

Den Timmy ass en feste Bestanddeel vun eiser Famill !
En Freiden den Owend (29.1.2011) hun ech en wei emmer virun Dier gelos, normalerweis kennt en no 1-2 Stonnen erem en ass net erem komm, ohh ech hun mer na ken Kapp gema et wees en jo wei dei Kuederen sin, wei en Moies na emmer na rem komm ass hun mer eis Suergen gema!! Mir waren iwerall ob d Siich no em mat engem schlechten Gefill an der Moogeigend!!
Naischt en war neirens zefannen!!
En Samschten den Owend rifft mein Mann mecht; "Komm seier kucken"
Wei ech bei't Terassen Dier komm sin sutz en do!!
Daat war dat schlemmsten Bild waat ech jemols gesin hun :
Daat ennt Aan ass rausgekwollen d Nues an den lënksen Baak ob.
Direkt bei den Véidokter an Gottseidank konnt den en erem zesummenflëcken!! Well anescht kann en daat net nennen!
4 Stonnen Operatioun wou en sein Aan verluer huet, den Kieffer geriicht kruet 6 Zënn gerapt kruet , d Zong gouf gebutt (2 cm ) Nues ass gebrach mat der Zinus eng schweier Gehirnerschütterung, ass daat wat dengudden Mann eis erklärt huet!
Jo hun mer eis geduecht; dan wa et Glëck am Onglëck bei engem Autosaccident!!
den Véterinaire huet mech dun ewer ennerbrach an gesoot; Hen misst en Autosaccident revidéiren , Unhand vun denen Brëch an Verletzungen keint et daat net gewiischt sin!!
En hatt keng Ofwiirspueren un den Krallen!
Et waeren massiv Schléi mat engem stompen Geigenstand gewischt!
Hun mech dun misse sëtzen an un deser Menschheet zweifelen!
Den ganzen Sonndeg konnt ech eisem Timmy nokucken wei en sech vun Peng gekremmt huet!

Noutdengscht