IMG 0560_1
Eng Onmass Zwergkanengercher gin oniwerluecht kaft, oft als Spillsaach fir Kanner, an duerno lande se beim Déiereschutz wäll grad d'Kanner sech net drem kemmeren.

Op kee Fall soll esou een Déierche sei Liëwe laang an engem Käfeg misse verbrengen, awer och am Haus a wa méiglech am Gaard frei lafe kennen.

Iert ee sech een Déier uschaaft soll een sech iwer eng artgerecht Haltung informéieren, net bei deem deen d'Déier wellt verkafen, awer bei engem deen éierlech a richteg Informatioune get.

Da kann een och emmer beim Déiereschutz nofroen op esou Hoppler net vleicht een neit Heem sichen wäll se eben net méi erwenscht waren.

Lotty an Elsa

D'Lotty an d'Elsa, 2 Weibercher aus deeër nämlechter Famill, sichen een neit Doheem wou se rem méi verwinnt gin. Si wunnen elo am Wanter dobannen, giffen sech awer och iwert éng Plaz am Gaart freeën wann et nees méi warm gët. Si sin geimpft a kënnen direkt vermëttelt gin.

Telefon: 34 85 01 oder 26 66 08 71

Molly an Netty

Dës 2 Schwesteren sichen een neit Doheem. Si sin dobaussen op d'Welt komm a génge gär an der frëscher Loft bleiwen.
Si sin geimpft a prätt fir an een neit Liëwen. 
Et waarden nach éng ganz Parti erwuesse Kanéngercher op ee gudd Heem.

Telefon: 34 85 01 oder 26 66 08 71

Babette1

Wiën huet Zait der Madame Babette éng zweet Chance ze gin an hir ee gudd Liëwen ze bidden? Si as e bessen ängstlech an zickeg a brauch vill Gedold, Zouwendung an am beschten och ee rouege Kolleg. Si as Bannenhaltung gewinnt, as geimpft a vum Déierendokter ënnersicht.

Telefon: 34 85 01 oder 26 66 08 71

Noutdengscht