Emmer méi oft liweren d'Leit hir Mierschwengercher beim Déiereschutz of wann se d'Flämm hun domat oder d'Kannt sech awer net eleng wellt drem kemmeren. Leider gin der awer och vill einfach ausgesat.

Am bäschten keeft ee guer keen esou een Déier wann net d'ganz Familjen dozou steet.

A Plaz vun Ziichter ennerstëtzen kann ee fir d'éischt emol beim Déiereschutz nofroen op net grad Mierschwengercher ofzegi sin.

Eppes as wichteg: Mierschwengercher, wéi all déi aner Déieren och, si keng Spillsaach fir Kanner.

Dir kennt eis emmer urufen.

Telefon: 35 59 14 oder 621 78 45 06

PrincessD'Princess huet sein Numm net fir neischt. Et as jo awer ee richteg schéint Langhaar-Mierschwengchenweibchen dat soll mat engem aner Miërschwengchen kennen zesumme liëwen, a wann ech geliwt net nëmmen an engem klenge Käfeg agespaart.
Si sin lëschteg a geselleg Déiercher déi gär dorueter beselen an am Summer och gär an enger gesecherter Wiss wëlle lafe kënnen.

Telefon: 691 56 40 95 oder 34 85 01

AmyD'Amy as ee weiblecht Mierschwengchen vun 6 Méint.

Hatt ass mat 3 aaneren Schwengecher ofgin gin well Leit hu missten plenneren a sicht elo eng nei Famill wou et och net muss eleng liëwen awer mat sengesgleichen zesummen.

Telefon: 691 56 40 95 oder 34 85 01

Noutdengscht