chinchillaChinchilla Famill sicht ganz dringend een neit Doheem bei Leit dei sech domadder auskennen. Si sin zimlech ängschtlech, mee wann een sech dei néideg Zeit hëlt, gin se séier zahm. Si sollen natirlech artgerecht gehalen gin, dat heecht mat vill Auslaf an vill Platz. Si solle bei Leit kommen déi éppes vun deenen Déiercher kennen an op kee Fall bei een Ziichter.

Telefon: 691 56 40 95 oder 34 85 01

 

AmyDrei jonk Deguen sichen zanter Wochen een neit Haus. Si solle bei Leit kommen wou se artgerecht kënne liëwen. Deguen brauche vill Plaz, déi 3 sollen zesumme kënne liëwen an déi richteg Fleeg kréien. Also neischt fir Ufänger.

 

Telefon: 691 56 40 95 oder 34 85 01

Sous-catégories

  • Mierschwéngercher

    Emmer méi oft liweren d'Leit hir Mierschwengercher beim Déiereschutz of wann se d'Flämm hun domat oder d'Kannt sech awer net eleng wellt drem kemmeren. Leider gin der awer och vill einfach ausgesat.

    Am bäschten keeft ee guer keen esou een Déier wann net d'ganz Familjen dozou steet.

    A Plaz vun Ziichter ennerstëtzen kann ee fir d'éischt emol beim Déiereschutz nofroen op net grad Mierschwengercher ofzegi sin.

    Eppes as wichteg: Mierschwengercher, wéi all déi aner Déieren och, si keng Spillsaach fir Kanner.

    Dir kennt eis emmer urufen.

    Telefon: 35 59 14 oder 621 78 45 06

  • Kanéngercher

    IMG 0560_1
    Eng Onmass Zwergkanengercher gin oniwerluecht kaft, oft als Spillsaach fir Kanner, an duerno lande se beim Déiereschutz wäll grad d'Kanner sech net drem kemmeren.

    Op kee Fall soll esou een Déierche sei Liëwe laang an engem Käfeg misse verbrengen, awer och am Haus a wa méiglech am Gaard frei lafe kennen.

    Iert ee sech een Déier uschaaft soll een sech iwer eng artgerecht Haltung informéieren, net bei deem deen d'Déier wellt verkafen, awer bei engem deen éierlech a richteg Informatioune get.

    Da kann een och emmer beim Déiereschutz nofroen op esou Hoppler net vleicht een neit Heem sichen wäll se eben net méi erwenscht waren.

  • Frettercher
  • Raten
  • Hamsteren

Noutdengscht