All Déier get mat engem Adoptiounskontrakt vermëttelt, ausserdem froe mer fir all Déier Adoptiounskäschten.
All eis Kazen si kastréiert, tätowéiert a geimpft.
D'Adoptioun vun enger Kaz kascht 80 €.
Bei verwëlderte Kazen fällt dës Tax ewech. Do bleiwt d'Konditioun natirlech dass och déi Déieren korrekt gefiddert ginn an en Ennerdag hunn.
All erwuessend Déier ass kastréiert, geimpft a gechipt an am internationale Fichier ugemellt.
D'Adoptioun vun engem Hond kascht 150 €.
Och d'Frettercher si kastréiert, geimpft a gechipt.
Nager a Mierschwéngercher
All eis männlech Nager a Mierschwéngercher si kastréiert.
D'Adoptioun vun engem Mierschwéngchen kascht 20€ a vun enger (Zwerg)Kanéngchen 30€.
Fir Adoptiounskäschten vun aner Knabberdéieren gewuer ze ginn, kenn der eis direkt kontaktéieren.