Uechter d'ganzt Joer si mir am Asatz fir den Déieren ze hellefen.

Eenzel Aktivitéiten organiséiere mer fir eis Frenn ze begéinen an haaptsächlech eis Kees ze fellen.

Hei fann Dir déi verschidde Manifestatiounen vum respektive Joer.

2007   2008   2009   2010   2012  2013 2014 2016

All Hellef as wellkom, op dat an der däglecher Aarbecht mat den Déieren as oder awer bei deenen aner Aktiounen déi mer maachen a wou mer eng Onmass Leit brauche fir ze hellefen.

Deen dee wellt eng Hand mat upaken kann sech gär bei engem vun eise Responsabele mellen .

 

Mir wollten emol nees eng Kéier een Opruf maachen fir zousätzlech Hëllefen ze fannen fir eis verschidden Aktivitéiten.

Dat as engerseits nach emmer an haaptsächlech Leit déi gengen hëllefen Kaze fänken goen fir ze kastréieren, oder een Déier siche goen wat fonnt gin as, bei en Dokter ze fueren oder och an enger vun eise Flegestellen eng Hand unzepaken, virun allem an de Vakanzen.

Doniëwt wëlle mer méi Aktivitéiten a Präsenz maachen mat Stänn dorueter, siëw dat mat Flouhmaart, Bicher oder ganz einfach eisen eegene Saachen wéi eis T-Shirten, Gebeess, asw.

Duerfir maachen ech dëse mail u méi Leit wéi soss. Vleicht sid dir selwer intresséiert, oder an ärem Frendeskrees as vleicht een dee sech wëllt beim Déiereschutz engagéieren, och wann dat net regelmässeg as. Vleicht fanne mer och pensionéiert Leit déi een Deel vun hirer Zait wëllen mat eis verbrengen.

All Iddi wou mer kennen e Stand maachen as wëllkomm. Mir kucken d’Méiglechkeeten an op et duerch ze zéien as mat de Leit déi hëllefen. Mir sin natirlech och frouh iwer Leit déi esou eppes vu sech aus wëlle maachen fir eisen Déiereschutz. D’Saachen stelle mir zur Verfügung.

Eng Aktioun steet elo geschwënn un, an zwar eise Flouh- a Bichermaart

Dat as Samschdes, den 29. Juni vun 11.00 bis 18.00 Auer am Lokal zu Nidderaanven.

D’Dëscher si prätt, mir fänken dëse Samschdeg mat de Preparatiounen un, an zwar déi nei Saachen zortéieren, Praisser drop maachen an op d’Descher setzen. Da kann och gär een bei de Bicher hëllefen klasséieren.

Mir treffen eis wéi gesot dësen an deen näxte Samschdeg um 14.00 Auer op 221a, route de Trèves.

Freides den 28. Juni maache mer ab 2 Auer de Rescht färdeg.

Samschdes, den 29. geet et um 10.00 Auer lass. Do riichte mer nach d’Zelter virun der Dier op, d’Descher an d’Bänken, maachen Bréidercher an dann hoffe mer dass ganz vill Leit bei eis kommen deen Dag. Gudd Wiëder as och ugefrot.

Wéi soen se : Bénévolat gët et nach emmer, mir hoffen dass nach méi Leit sech bei eis engagéieren fir mat eis eppes fir d’Déieren ze maachen.

Mellt Iech per email Cet adresse mail est protégé contre les spambots. Vous avez d'activer le javascript pour la visualiser.  oder per Telefon : 34 85 01

 

Noutdengscht