Wëllkazen zu Lëtzebuerg

Och zu Lëtzebuerg ginn et zenter e puer Joer nees richteg europäesch Wëllkazen.
Si komme méi wéi secher duerch de Schutzprogramm deen an der Eifel gemaach gëtt fir des Déieren nees bei eis unzesiedelen.

Si waren a ganz Europa um Ausstierwen, sinn dat ganzt Joer absolut geschützt an dierfen net gejot oder verdriwe gin.

Mir haten 2006 d'Chance, ee Baby opzezillen deen am Besch fonnt gi war an deen um Punkt war vir z'erhengeren.


Kleng Wellkaz 3
Dëse klenge Butz vu knapp 4 Wochen huet matten am Besch esou haart gejaut bis eng Fra e fonnt hat.

Awer en huet du scho gegrommelt wéi e groussen.

Mir hate séier eraus datt et keen normale Kazebébé war. Et war eng echt kleng Wëllkaz.

  No enger Zait huet et kleng Stoffmäis gleich ausenee gehol.
Dat war de Moment wou et doudeg Eintagsküken huet misse bei sein normalt Fudder kréien. 
 
Hatt huet gespillt wéi all kleng Kaz.
Mat Virléift huet et awer am Waasser gepuddelt.
 
   Seng Nues ass fleeschfaarweg, d'Faarw vu sengem Pelz gëtt verwäsch an de Schwanz gëtt déck a kritt déi typesch déck schwaarz Reefer.  
   Mat 5 Méint ass se op Diddeleng an d'Wëldstatioun komm fir iwwert de Wanter ausgeweldert ze gin.  
Eng Fellprouf ass an d'Universitéit Tübingen gescheckt ginn fir hir Genen ze kucken an se an ee Projet iwer Wëlkazen opzehuelen.

Am Mee 2007 as se an engem Naturschutzgebiet freigelooss gin.


Wann Dir esou e Baby am Bësch fannt, pakt se net un a vergewëssert Iech vir d'éischt op keng Mudder an der Géigend as. Informéiert direkt de Fierschter.
Wann et effektiv e Weesekand ass da soll se esou séier wéi méiglech an d'Wëldstatioun op Diddeleng bruecht gin.
Weider Informatiounen iwert d'Wëllkazen zu Letzebuerg.

Noutdengscht