Frettercher als Hausdéieren sin an de läschte Joeren esou richteg IN gin.

Déi meescht Leit bedenken dobei net dass et sech hei em e richtegt Raubdéier handelt, dat vum Iltis ofstamt an dementspriechend net geegent as als Hausdéier.

Frettercher si vill méi anspruchsvoll wéi all déi aner, richteg Hausdéieren. Am Freien bewunne si rieseg Gebitter. Wann ee bedenkt dass dës Déiercher 8 bis 10 Joer al kënne gin, a muench vun hinnen hirt ganzt Liëwen erbärmlech a Käfeger verbrengen, misst engem kloer sin dass dat déi rengsten Déierequälerei as.

Vill vun dësen zoutraulechen Déieren gin einfach ausgesat wäll d'Leit d'Flemm mat hinne kritt hun. Do hun se dann iwerhapt keng Iwerliëwenschance. Si hun weder Angscht viru Menschen nach virun Honn oder Kaatzen, wa se mat hinnen zesummegeliëwt hun. Déi éischte Kéier wou si e friëme Mensch begéinen kann dementspriëchend déitlech ausgoen vir dat heemlecht Frettchen.

Echt Frënn vu Frettercher loossen se frei am Haus lafen.


Als geselleg Déieren gin se séier gudd Frënn mat Hond oder Kaatz. Trotzdem muss een am Ufank gudd oppassen. Dee strenge Wëldgeroch vum Frettchen kann en Hond schon emol dozou verleeden, zouzebeissen. Emgekéiert kann e Frettchen awer och ouni Problem eng jong Kaatz dout maachen.

Frettercher brauche vill Laaf a si richteg verspillt. Den Daag fänkt vir si awer eréischt Owends un. Déi lëschteg Kobolden, ëmmer prätt vir Neits z'entdecken, buddelen en Tunnel duerch all Blumendëppen, klammen iwerall erop an hun onendleche Gescheck vir Diren an Tiräng opzemaachen. Wann se ëmmer eleng sin kënne se der schon eng Onmass stiichten. Wa Frettercher schlecht gehal sin verkümmere se oder gin agressiv.

Seriös Déieregeschäfter verkafen iwerhapt keng Frettercher.

Dat schéinst Liëwe vir e Frettchen as matten an enger Famill mat engem aner Frettchen zesummen ze liewen.

Linken:
Association Mustela
FRETTCHEN Haltung INFOS und TIPS

Noutdengscht