De Privaten Déiereschutz as 1991 vun 3 Leit gegrennt gin an as de 15. Oktober 1993 als asbl agedroe gin an huet zanter dem 7. Dezember 2012 de Statut d'utilité publique'.

Déi 3 Grennungsmemberen haten zum Deel scho joerelaang Erfahrung am Déiereschutz a virun allem an der Terrainsaarbecht.

De Senn vum Privaten Déiereschutz as, all Déier - egal wat et och as - ze hellefen.

De Privaten Déiereschutz huet keen Asil, d'Déiere gin an deene verschidde Familjen opgehol an hun doduerch selwer méi en engt Familjeliëwen.

Finanziell dréit d'Associatioun sech zum gréissten Deel duerch Spenden, an dat praktesch 100 Prozent vu Privatleit.
Deen eenzege Beitrag vun öffentlecher Sait as de Vereinssubsid vun der Gemeng Nidderaanven.

All eis Leit schaffen op fraiwelleger Basis vir den Déieren ze hellefen.

D'Déieren, déi bei eis ofgeliwert gin kommen e bessche vun iwerall aus dem Land.
Wann en Déiereschutz an der Géigend as schalte mer deen an, soss versiche mer esou séier wéi méiglech eng Léisung ze fannen fir dat Déier eranzehuelen.

Entweder sin et Déieren déi fonnt gi sin, ausgesat, verluer, oder d'Leit gin se of wäll se se einfach net méi wellen.

Si gi vum Déierendokter kontroléiert, kastréiert, geimpft, d'Kaze gin all tätowéiert (PD + 2 Zifferen + 1 Bustaf), Muppen a Frettercher gechipt.
Et sin haaptsächtlech Kazen déi bei eis opgehol gin (teschend 500 a 600 all Joer!) Doniëwt Kanengercher, Mierschwengercher, Raten, Frettercher, Villercher asw.

Et as schwéier vir eis vir Honn opzehuelen wäll jidfer vun eise Familjen Déieren huet déi net konnte vermettelt gin, an d'Plaz einfach net do as vir Muppen ze versuegen.
Wann et net presséiert kenne mir awer emol hellefen en neit Heem vir e Mupp ze fannen soulaang e kann a senger Famill bleiwen.

D'Déiere gi mat engem Adoptiounskontrakt vermettelt.
An desem Kontrakt verpflicht den neie Besetzer sech, d'Déier no de gesetzlech festgeluechte Regelen ze halen.
An deem Kontrakt as och festgehal dass d'Déiereschützer kennen op d'Plaz kontroléiere kommen.

Et get keen Déier gratis ofgin, awer 't as emmer eng Adoptiounstax ze bezuelen.

Vun eise Leit sin der emmer disponibel vir ze hellefen, op dat Sonndeg oder Feierdag as, am Dag oder och nuets wann et muss sin.

Zeitopwendeg as d'Afänke vu welle Kazen fir se kastréieren ze loossen.
Mir sichen duerfir dringend Freiwelleger déi Loscht an Zait hätten, sech vir Déieren z'engagéieren.
Gesicht gin och Familjen déi gewellt wären, Déiere bei sech opzehuelen bis se vermettelt sin.
Ganz néideg braichte mer eng oder déi aner Familjen déi kennten am Noutfall e Mupp bei sech versuegen.
Wie sech wellt fir d'Déieren engagéieren a bei eis matschaffen kann sech bei engem vun eise Leit mellen.

 

Noutdengscht